EVENTS


Petanque - 2025 Edition

Mir spenden dës Kéier un De Leederwon a.s.b.l. Iech all dofir en eenorm grousse Merci! Bis hoffentlech op eiser 2026 Edition!

Den Intequiz 2025 leet d'Lat nees e gutt Stéck méi héich

30 Ekippen mat ronn 180 Participanten hunn sech den 19.01.25 a manner wéi 5 Minutten ugemellt. Zwee Méint méi spéit, den 21.03.25, hate mir dunn e super Owend am Festsall vum LNB. Dank eise Partner, eise Bénévolen a virun allem un eise Quizinten, konnte mir 7000€ Boni maachen, dee mir dëst Joer un “ALAN – Maladies rares” gespendt hunn. Dorop si mir ganz houfreg a soe jidderengem vun Häerze Merci, deen heiru bedeelegt war.

Petanque Vol. 2

Dank gudder Ambiance, guddem Wieder an enger Titelverdeedegung konnten och 1500€ u “Catch a Smile” gespendt ginn. Merci alle Bedeelegten, der Entreprise Fernand Misteri an dem Diddelenger Boulodrome.

Intequiz 2024: 5.500€ zu Gonschte vum Plooschter Projet

30 Ekippen mat insgesamt 170 Participanten hunn an enger exzellenter Ambiance e super Owend mat eis verbruecht. De kompletten Erléis vun dëser 3. Editioun, ganzer 5.500€, ginn dëst Joer un de Plooschter Projet.

E ganz grousse Merci u jidderee dee komm ass, un eis Partner an un eise geniale Staff!

Green Meadow, Cuba Libre, Aperol, ...

Fir d’Ouverture vun der oppener Schwemm zu Diddeleng, hu mir am Kader vum Interclub op en Neits eis lecker Cocktailer zervéiert. Dëst Joer souguer bei sonnegem Wieder 😉 

Eisen éischte Petanque Tournoi

Den 13. Mee 2023 hate mir eng éischte Kéier op den Diddelenger Boulodrome invitéiert fir e flotten Tournoi mat 10 Ekippen.

E grousse Merci un d’Entreprise Misteri fir hier Ënnerstëtzung an der USBP fir d’Ausléinen vun hierem Klublokal an d’Vertrauen.

We’ll be back 😉

Intequiz 2023: MEGA!
3333€ fir RMR

A manner wéi 24 Stonnen komplett ausverkaf, 22 Ekippen, eng super Ambiance, a virun allem: 3333€ fir Rokku Mi Rokka gesammelt!

Merci u jiddereen deen doru bedeelegt war, besonnesch eise Bénévolen, déi mir fir d’Remise vum Spendecheque och op eng Pizza agelueden hunn.


Den 2. Velostuer war nees e vollen Erfolleg

Eis zweet Editioun war gutt besicht, souwuel fir d’Vëlostier, wéi och fir eisen Apéro. Et war e flotte Sonndegmueren!

Mir hoffen iech d’nächst Joer e puer weider Editiounen unzebidden.

Velostuer iwwert d'Haard mat Apéro am VeWa

Zesumme mat de Kolleege vu Velo Diddeleng hu mir zwee Velostier mat Départ an Arrivé + Apéro am Vewa op Neischmelz organiséiert. 

Ronn 35 Leit hunn eis op engem sportleche 40km Parcours, respektiv op engem moderéierten 20km Tuer begleet.


Cocktailbar an der oppener Schwemm

D’Wild Ducks hunn deFreideg, 20. Mee op der Aweihung vun der oppener Schwemm zu Diddeleng d’Gäscht an d’Sportler vum Interclub Tournoi mat sëffege Cocktails verwinnt. 

Fir eis eng flott Geleeënheet de Leit ze zielen wee mir sinn a wat mir maachen. 

DEN 1. INTEQUIZ: EN DECKE SUCCES, DANK IECH!

Den Intequiz war dat alleréischt Event dat vun de Wild Ducks organiséiert gouf. Mir waren dofir e bëssen opgereegt an onsécher, well mir iech eppes flottes wollte bidden. Déi vill Aarbecht am Virfeld huet sech awer gelount, well den Owend war definitiv e Succès.

Virun allem si mir houfreg, dass mir direkt am éischten Ulaf 2100€ fir den Télévie konnte sammelen.

Äert Laachen, äert Sangen an är léif Wieder nom Quiz ware fir eis dann nach d’Kiischt um Kuch!

Nach emol e grousse Merci un all déi léif Leit déi eis eng Hand mat ugepak hunn, un d’Restauranten Amarcord a Rucolino, un d’Firma Rossi, un de Lycée Nic. Biever mat hirem super service technique! An natierlech en décke Merci un all d’Participanten!

Mir gesinn eis bei der zweeter Editioun! 😉