IWWERT EIS

Frënn a Komplizen beim Freed verbreeden

Mär wëllen eng Wild Ducks Community opbauen!

Mär sinn nach eng relativ "jonk" A.S.B.L., gegrënnt Enn 2021

Eis Haaptziler sinn: 

  • Beweegung a Sport promouvéieren
  • Eng Community opbauen mat Leit déi ähnlech denke wéi mär
  • Lëschteg Events an Aktivitéiten organiséieren
  • Sue fir karitativ Zwecker sammelen

Zwee gutt al Frënn, de Ben an den Tom, hunn de Grondsteen fir d’Wild Ducks geluecht. D’Iddi war ursprünglech déi, dass hier Traininger fir den Triathlon zimlech einsam waren. Si wollten e Grupp bilden, deen sech géigesäiteg begleet, erausfuerdert a motivéiert.

D’Iddi gouf awer schnell ausgebaut wou weider Frënn, de Sven, de Pit an de Christophe, dobäi komm sinn. Säit 2022 goufen dunn déi éischt Events, Aktivitéiten an Challenges lancéiert, an der Hoffnung e puer Leit a Partner ze begeeschteren. Wee weess wou d’Rees eis hiféiert… 

Bass du interesséiert en Deel vun eisem Veräi ze sinn?